Käthchenturnier 2016 zu Heilbronn

Wei emmer bei eis, war natierlech groussen Chaos virum éischten Match.
Dësen Match war géint Würzburg an mir konnten mir den 0-0 ganz laang halen. Leider hunn mir an der aller leschter Sekonn nach een Geigengoal krit soudass mir 0-1 verluer hunn.
Den zweeten Match war dunn géint Böblingen wou mir gutt mat spillen konnten, dono awer trotzdem (verdingt) mat 0-4 verluer hunn.
Duerch des zwou Defaiten waren mir dunn déi 3t an der Gruppe sou dass mir géint den zweeten vun enger anerer Gruppe gespillt hunn. An dëser „Hoffnungsphase“ hunn mir dann géint eis Kollegen vun München gespillt.
An dësem Match koum den groussen Nodeel vun der Schwämm vun Heilbronn rëm zu Virschäin. D’Auswiesselgaas vun der wäisser Equipe war duerch den Sprongtuerm sou schlecht dass een sennvollen Wiessel leider net méiglech war.
Duerch dësen Problem hunn mir dunn 2 Geigengoaler beim Wiesselen krit sou dass mir deen Match knapp hunn missen mat 2-3 ofginn.

Deementspriechend hunn mir dunn em Platzen 9-12 gespillt. Den éischten Match hunn mir leider kloer mat 0-4 géint Spillgemeinschaft vun Izmir aus der Türkei verluer.
Dunn stoung leider och schonn den leschten Match vum Dag géint Bodensee um Programm. Dësen konnten mir dunn mat 5-1 gewannen soudass mir um Enn déi 11 ginn sinn. Wei den Felix schonn ëmmer gesot huet: Haaptsaach et gewënnt een den leschten Match.

Mat gudden Keispätzle an Schupfnudelen mat Sauerkraut ass et dunn an een flotten Owend iwergangen. Ob der Party mam Motto „Christmas reloaded“ gouf et dunn eng Liveband mat vill Spass.

Zesummenfaassend kann ech so dass et flott war an ech mech elo schonn rëm ob nächst Joer free.
12417805_10207309301107361_8529795226740905800_n