Melusina Cup 2016, een Erfolleg vir UWR Luxembourg

Den 25. Juni war et sou weit, den éischten Ennerwasser Rugby Tournoie zu Lëtzebuerg. Insgesamt waren 7 Equipen aus Lëtzebuerg an Däitschland gemellt. An enger éischter Phase vum Tournoie hunn all Equipen jeeweils 15 Minutten géintenee gespillt. Aus dësen 21 Matcher ass eng Ranglëscht erstallt ginn. Och vir den leschten aus dëser Tabell war nach näischt verluer. Mam System „The winner stays on“ bleift een sou laang am Waasser wie een gewënnt. Den Nodeel dobäi ass dass den Géigner ëmmer mäi staark gëtt, an een selwer awer midd gëtt. No enger spannender Final mat SuddenDeath Regel stoung den Gewënner vun dem éischten Melusina Cup dann fest:

FTG Pfungstadt

Däi Komplett Reiefolge war:
1. FTG Pfungstadt
2. UWR Bielefeld
3. Öcher Otter
4. TCO Weinheim
5. UWR Kaiserslautern
6. Friends DeLux
7. UWR Luxemburg

Niewent dem sportlechen Erfolleg vir UWR Luxembourg an ganz Regioun, war et och een schéinen Weekend deen mat engem gudden Iessen am Centre Kulturell zu Housen oofgerond gouf. Dobei huet Weinheim am Beschten gewisen dass sie net net nëmmen gutt spillen kennen, mee och gutt Stëmmung maachen.