Wat ass Ënnerwaasserrugby?
E 3D-Equippesport, deen komplett ënner Waasser gespillt gëtt — méi séier, méi haart a méi taktesch wéi et kléngt.
Den Ënnerwaasserrugby (UWR) gouf Enn vun den 1960er Joren a Däitschland erfonnt.
Zwou Equippe versichen en Ball, deen mat Salzwaasser gefëllt ass, an d'gënneresch Goal um Buedem vum Schwämmbad ze maachen. All Equipe huet sechs Spiller am Waasser a bis zu sechs op der Bänk. Gespillt gëtt op enger Déift vun 3,5 bis 5m, jee no Déift vum Bassin.
Allgemeng gëtt gemëscht gespillt, ausser bei den groussen internationale Wettbewerber (haaptsächlech Europa- a Weltmeeschterschaften).
Wann Dir méi iwwer UWR wësse wëllt a d'Spill besser verstoe wëllt, kënnt Dir e puer Videoen ukucken — awer nach besser, kommt bei eent vun eisen Trainingen, a mir weisen Iech wéi et geet.
RTL-Reportage — Training vu UWR Luxembourg, 2018
Hei drënner fannt Dir eng super Video, an där den RTL eis 2018 besicht huet!
Curieux fir et selwer auszeprobéieren?
Kommt bei eent vun eisen Trainingen — keng Erfahrung néideg, bréngt einfach eng Badehos mat.
Trainingszäiten weisen Kontaktéiert eis